Home / Series / rout wäiss gro / Aired Order /

All Seasons

Season 1

  • S01E01 De Jupp oder déi wonnerprächteg Liichtegkeet vum Liewen

    • March 1, 2015
    • RTL
  • S01E02 Eng klassesch Erzéiung

    • March 1, 2015
    • RTL

    Mat 3 Joer huet d'Nadia ugefaang Gei ze spillen. Eng natierlech Begabung féiert et derzou dass et haut, mat 14 Joer, méi frei wéi vill anerer, sech muss entscheeden ob et wëll eng professionell Carrière aschloen oder net. Wat dat mat sech bréngt, a wéi an ob et méiglech ass de schouleschen Alldag mam strenge Pensum vum Conservatoire ënnert een Hutt ze bréngen, weist d'Episod "Eng klassesch Erzéiung" vum Yann Tonnar. Een intime Portrait vun engem klenge Meedchen wat muss grouss Décisiounen huelen.

  • S01E03 Ebrima am Pescatore

    • March 29, 2015
    • RTL

    Den Ebrima ass e jonke Mann deen diskret, sensibel an intelligent ass. Hien ass 24 Joer al an huet gezwongenermoosse missten aus sengem Heemechtsland auswanderen. Elo ass hien Aide-Soignant am « Pescatore », eent vun deenen eelsten Altersheemer am Lëtzebuerger Land. Hei begéint den Ebrima där Generatioun, déi e Lëtzebuerg kannt huet wat et guer net méi gëtt. Et ass och hei wou den Ebrima der Mme Dondelinger, enger 92-järeger Dame, bei hiren alldeeglechen Aktiounen hëlleft. Och wann d’Sprooch heiansdo verhënnert, datt déi zwee sech ganz verstinn, huet sech eng Bäihëllef zwëschen hinne gebilt. Sou gesinn huet si, genau wéi déi aner Pensionären aus dem Pescatore, och hiert « doheem » misste verloossen.

  • S01E04 Wantermäerchen

    • March 29, 2015
    • RTL

    Gefaangen am Däiwelskrees vun der Drogenofhängegkeet, geet de Petz an d’Entzéiungskur fir endgülteg säi Liewen ze änneren. “Wantermäerchen” zitt eis mat op engem Drogesüchtege säi Wee, voller Héichten an Déiften, dee versicht säi Liewen nees op d’Rei ze kréien a seng Vergaangenheet ze iwwerwannen.

  • S01E05 Wat ma mer lo?

    • April 26, 2015
    • RTL

    De Pio ass zënter méi wéi 25 Joer Flic op der Gare. Hien huet all Dag mat Kriminalitéit, Drogen a Prostitutioun ze dinn. Mee net nëmmen, well am Quartier lafen him och vill bosseg Gesellen iwwert de Wee. Mir begleeden hien an eng méi onbekannte Säit vun der Stad.

  • S01E06 d'Chantal

    • April 26, 2015
    • RTL

    D’Chantal ass eng Mamm wéi se am Billerbuch steet: Et gëtt sech gekëmmert an gesuergt, organiséiert a geplangt. D’Chantal ass gezwongen eng Mamm aus der Distanz ze sinn: Seng Kanner sinn net bei him während der Woch, mee an engem Foyer an der Belsch. Trotz allen Ëmstänn huelen d’Chantal a seng Famille d’Liewen mat Humor an sou wéi et ass.

  • S01E07 Den Hondsmeeschter

    • May 31, 2015
    • RTL

    De Jerry ass de Chef vun der Hondsstaffel vun der Croix Rouge an där hien sech zanter zwanzeg Joer asetzt fir mat Hënn Mënscheliewen ze retten. Eng Rei Véierbeener hunn den ofgehäerten Hondsmeeschter mat hirer kaler Trüffel ëmmer nees a sengen Aventurë begleet. Ma net all Mupp ass dem Jerry d’selwecht an Erënnerung bliwwen. D’Syrah, seng aktuell jonk Mudder, soll dem Jerry seng lescht « Schaff-maschinn » ginn. Ma de Wee zum austrainéierte Rettungshond ass laang an net ëmmer einfach.

  • S01E08 Friem Kierper

    • May 31, 2015
    • RTL

    De Jean-Benoît ass Franzous, 35 Joer al, hie wunnt a schafft zu Lëtzebuerg - e Land wou hien d’Sprooch kaum versteet. Hie war deemools heihikomm wéinst der Léift, mä dës Bezéiung ass an d’Bréch gaang. Elo ass de J-B erëm op der Sich no enger Persoun mat där hie säi Liewen deele kann. Des Sich gëtt awer doduerch erschwéiert, datt hie säit 11 Joer HIV-positiv ass. Dovun ofgesinn, datt hien all Dag muss Medikamenter schlécken, schued de Virus him méi duerch falsch Scholdgefiller an de Stigma deen hien am Alldag erlieft, wéi duerch kierperlech Symptomer. De J-B ass effektiv “indetektabel”, wat heescht datt säi Kierper de Virus gutt am Grëff huet an hien och net méi kann aner Leit ustiechen. Duerch säin Asaz an der HIV-Preventioun huet hien eng Méiglechkeet fonnt fir seng Erliefnësser mat anere Leit ze deelen an esou säin Ongléck ze notzen fir Guddes ze dinn. “Friem Kierper” ass e Film iwwert e Mann dee refuséiert, sech vun der Angscht dominéieren ze loossen.

  • S01E09 Verwëschte Grenzen

    • June 28, 2015
    • RTL

    Marteleng, eng Geeschterstad am Norde vum Land, an zwee geschnidden duerch d’Grenz mat der Belsch. Alkohol, Wäin, Tubak, Benzin, zu lëtzebuerger Präisser! De Christian Degraux, Direkter vun där Firma, där zu Marteleng bal all d’Geschäfter gehéieren, hëlt eis mat a seng Welt: tëschent Lëtzebuerg an der Belsch, senger Aarbecht a sengem Privatliewen, Fueren a Plënneren ouni Enn, an der Ouverture vun engem neie Restaurant, wat ass de Präis, deen ee bezuele muss, wann een net méi drénkt, do wou alles sech ëm den Alkohol dréint?

  • S01E10 Këmmer dech ëm däin Dreck

    • June 28, 2015
    • RTL

    Den David ass e jonke Papp an der Scheedung a schafft am Recyclingscenter zu Schëffleng. All Dag kommen hei honnerte vu Leit mam Auto voller Schrott. Den David a seng Kollege regelen de Buttek, si passen op dass der Norm no recycléiert gëtt. "Këmmer dech em däin Dreck" weist déi verschiddenst Personnagen déi an dësem lëtzebuerger Mikrokosmos zesummekommen an déi zum Deel witzeg, zum Deel serieux Situatiounen déi bei dëse Konfrontatiounen entstinn.

  • S01E11 Ni ze spéit

    • October 11, 2015
    • RTL

    De Marcel geet am Erwuessenenalter erëm an d'Schoul. Richteg liesen a schreiwe léieren ass net einfach, mee et erméiglecht him, d'Erënnerungen u seng schwéier Kandheet besser ze verschaffen. «Ni ze spéit» ass e Portrait vun engem Mann, dee geléiert huet, trotz ville Schwieregkeeten net opzeginn.

  • S01E12 Endlech Vakanz

    • October 11, 2015
    • RTL

    Et ass erëm Péngschten, hallef Lëtzebuerg sëtzt op der Päischtcroisière an tuckert iwwert d'Mëttelmier. De Chris an d'Christiane sinn och derbäi. De Chris ass der 21, un de Rollstull gebonnen a ganz op seng Mamm ugewisen fir sech z'ernieren, sech fortzebewegen, oder ze kommunizéieren. Dat hënnert si awer net drun, sech gutt z’ameséieren. "Endlech Vakanz" erzielt d’Geschicht vun deem wat si op der Päischtcroisière erlieft hunn.

  • S01E13 An engem anere Land

    • November 8, 2015
    • RTL

    De Suhail ass Syrier a lieft zesumme mat senger Famill elo scho säit engem Joer zu Lëtzebuerg. Seng Kanner ginn an d’Schoul. Seng Fra an hien och. Si probéieren sech esou gutt wéi méiglech unzepassen, mä esou einfach ass dat net. Si schwätzen net nëmmen eng komplett aner Sprooch, mä hunn och eng aner Kultur, eng aner Relioun an aner Gewunnechten. “An engem anere Land” begleet de Suhail a seng Famill an hirem neie Liewen zu Lëtzebuerg – e Liewe geprägt vun der Hoffnung op eng besser Zukunft an der Erënnerung un déi traumatesch Erliefnisser déi zwar hannert hinne leien, mä déi hir Familljen a Landsleit weiderhin dagdeeglech erdroe mussen.

  • S01E14 D'Kierch am Duerf

    • November 8, 2015
    • RTL

    “D’Kierch am Duerf” zeechent de Portrait vum Här Paschtouer am Duerf, deen d’Diskussioun ëm d’Trennung vu Kierch a Staat vun der grousser politescher Bühn erof op d’Por an de Staminet hëlt. Beim Owespatt am Duerfbistro treffen esou Traditioun a Glawen op Modernitéit a Skepsis. “Si mir nach, wat mir woren?”, freet de Paschtouer an der Mass. Wouhi soll et goen, mat der kathoulescher Kierch? Den Här Paschtouer, deen och net méi all d’Äntwerten huet, stellt net just dës Froen, mä lieft se mat senge Leit.

  • S01E15 Den Dram vun der Kinnigin

    • December 13, 2015
    • RTL

    D’Roxann, 18 Joer al, hat schonn ëmmer den Dram Wäikinnigin ze ginn. No véier Joer Wäiprinzessin sinn, ass et endlech souwäit: Am September gëtt d’Roxann um 66. Maacher Drauwen- a Wäifest gekréint. D’Virbereedunge fir dee grousse Moment lafen op Héichtouren: Eng nei Kroun gëtt gemaach, een neie Rack gëtt kaf, den Danz an d’Kréinung gi geprouwt… ier de groussen Owend dann endlech do ass. Prost!

  • S01E16 De Som vum Liewen

    • December 13, 2015
    • RTL

    Den Georges ass elengerzéiende Papp vun dräi erwuessene Kanner: dat emotionell räift Cassandra, den Paradiesvugel Wesley an de Museker a Skater Ornello. Huet hie virun e puer Joer nach iwwer 120 Kilo op d’Wo bruecht, sou ass de Georges no enger Bypass-Operatioun vum Mo zu engem anere Mënsch ginn. Neierdéngs bidd de Georges mat der sougenannter « Liewensschoul » Konferenzen un, déi de Leit sollen Impulser vermëttele fir sech selwer an hirem Ëmfeld nees méi bewosst ze ginn. Privat ass hien awer iwwerfuerdert: wann den Ornello net geschwënn e Stage fënnt, kann hien d’Schoul net ofschléissen, an all Diskussioun tëscht Papp a Jong féiert zum Konflikt. Kritt de Georges déi eegen Onsécherheeten a seng berufflech Zieler ënnert een Hutt?

  • SPECIAL 0x1 Spezial Director's Cut: De Jupp oder déi wonnerprächteg Liichtegkeet vum Liewen

    • December 20, 2015
    • RTL

  • S01E17 Bauer sinn

    • January 17, 2016
    • RTL

    De Bivers hire Joe, 26, huet méi Responsabilitéiten wéi déi meescht Jonker. Hien huet weder Weekender nach Vakanzen. Als Chef vu sengem Bauerenhaff zu Kielen kuckt de Joe, säi Betrib um Rullen ze halen. Nieft senger Aarbecht als Gérant, Mécanicien, Comptabel a Vétérinaire, muss de Joe sech och nach duerch den extrem drëchene Summer schloen. Obwuel de Joe permanent ënner Drock steet, hëlt hien d'Liewen mat enger Schëpp Humor.

  • S01E18 Wou deet et wéi?

    • January 17, 2016
    • RTL

    D'Carine schafft als Infirmière an der Ettelbrécker Klinik. Während engem Dag an enger Nuecht begleeden mir hatt an de Gäng vum Service Urgence, deem Deel vun der Klinik deen ni schléift. "Wou deet et wéi?" bitt eis en ongewinnten Abléck an d'Liewe vum Lëtzebuerger unhand vu senge méi oder wéineger schlëmme Boboen, Accidenter an altersbedéngte Krankheeten.

  • S01E19 Am Numm vum Papp

    • March 20, 2016
    • RTL

    D'Shirley huet 17 Joer a lieft alleng mat senger Mamm an engem klengen Appartement. Hatt ass zanter 2 Joer zu Lëtzebuerg, a sicht e Sënn a sengem Liewen. Zanter kuerzem, mengt et dee fonnt ze hunn an der evangelescher Kierch vum Pater Roger. Ee staarke Personnage deen eng ganz gleeweg brasilianesch Communautéit unzitt. Tëscht enger Mamm déi net oft do ass, an e Papp deen et quasi net kannt huet, lieft d'Shirley ganz leidenschaftlech no de Virschrëften vun der Bibel an de Rotschléi vum Pater Roger. Hatt versicht bei Gott déi Léift erëmzefannen déi em a sengem Liewe feelt. Ma säin Glawen gëtt op d'Prouf gestallt vu senge jugendlechen Instinkter, vun de Jongen déi ronderëm et dréien, an vun der Mamm déi der Kierch net traut.

  • S01E20 Vënz de Prënz

    • March 20, 2016
    • RTL

    De Vënz ass ee 27 Joer ale Konschtstudent zu Berlin, dee wäit ewech vun der lëtzebuerger Klengkaréiertheet seng ganz eege Plaz fonnt huet. Mee seng Wuerzelen bréngen hien ëmmer nees zréck a seng Heemecht a bäi seng Famill, déi sech mëttlerweil u säin néie Virnumm gewinnt huet. Bis virun 2 Joer huet de Vënz nämlech nach Anna geheescht...

  • S01E21 Manner

    • April 24, 2016
    • RTL

    D’Tania ass iwwerzeegt, dass mir probéiere mussen esou ze liewen, dass den negativen Impakt dee mir op eis Ëmwelt hunn, esou kleng wéi nëmme méiglech ass. Ënnert anerem wëll hatt op materiell Saache verzichten, déi him net wierklech wichteg schéngen. Mee d'Tania weess och, dass hatt grad wéi all Mënsch seng Limitten huet…

  • S01E22 Eng staark Equipe

    • April 24, 2016
    • RTL

    De Vincent Thill ass mat senge 16 Joer ee vun de groussen Talenter am Lëtzebuerger Fussball. Hie verbréngt seng Woch am Centre de Formation vum FC Metz a geet och a Frankräich an de Lycée. Hie gesäit seng Famill wéineg, mee hie weess dass dat dozou gehéiert wann hie säin Ziel wëll erreechen: Profi am Ausland ginn. Dat ass säin groussen Dram, a seng Famill an hien schaffen all Dag drun fir dass dësen Dram an Erfëllung geet. "Eng staark Equipe" begleet de Vincent a sengem Alldag als jonke Sportler, deen dobäi ass seng éischt Schrëtt um Wee zu engem professionelle Fussballspiller vun internationalem Niveau ze maachen.

  • S01E23 Eng Familljesaach

    • May 22, 2016
    • RTL

    Am Michel senger Famill dréit sech alles em d'Juegd. Et geet een op d'Juegd fir de Spaass un der Saach, fir zesummen ze sinn, aus Traditioun. D'Erënnerungen an d'Bezéiungen an der Famill wiewen sech ronderëm dës Aktivitéit. Ma de Michel gëtt net méi jonk, an d'Welt ronderëm hien ass net am Aklang mat där vun der Juegd. Wie vu sengen zwee Jongen iwwerhëlt d'Familljen-Traditioun? Tëscht de Frëndinnen déi dës Männergesellschaft op d'Kopp geheien, an d'Konkurrenz vun aneren Interessi, schéngt d'Transmissioun an der Famill net ofgeséchert.

  • S01E24 No der Schoul

    • May 22, 2016
    • RTL

    Mat senge 16 Joer weess de Lukas scho sécher datt hie spéider Literatur a Film studéiere wëll. Seng Frënn aus der Waldorfschoul ënnerstëtzen hien tatkräfteg dobäi, wéi hien, dacks no der Schoul, seng Filmer dréit. Iwwerhaapt maache si an an no der Schoul villes zesummen. Si féieren Diskussiounen iwwer Politik a geckse bei all Geleeënheet. Mat senger Schwëster huet de Lukas zwee Doheemer well hier Eltere getrennt sinn. Hie genéisst et am ëffentlechen Transport ze pendelen. Mee trotz den Elteren hiren Differenzen, sinn si fir de Lukas an d'Hannah eng Famill bliwwen a kucken zesummen, jiddereen op seng Aart a Weis, wou d'Rees no der Schoul higoe soll.

Season 2

  • S02E01 De Prési

    • October 9, 2016
    • RTL

    De Fernand Thill ass de President vum Crazy Crew M.C. (Motorcycle Club), engem Grupp vun haardgesottenen, tätowéierte Biker déi regelméisseg mat hire modifizéierten Chopperen duerch d’Land joen. Si liewen an enger Welt wou Männer nach Männer sinn, wou drénken a Partyen zum Alldag gehéieren, a wou d’Léift zur Maschinn dat ass wat se op éiweg matenee verbënnt. “De Presi” begleet de Fernand a sengem Alldag a gëtt domadder een Abléck an eng Welt vu Männer, Maschinnen a Rock’n’Roll.

  • S02E02 D'Liewen ass schéin

    • October 9, 2016
    • RTL

    D’Cecile ass Presidentin vum „Fanclub roude Léiw“, de lëtzebuerger Fanclub vum Rudy Giovannini, e charismatesche Schlagersänger aus dem Südtirol. Eemol am Joer reesen si mam Bus am Rudy säin Heemechtsduerf, fir do hiert Idol hautno z’erliewen. “D'Liewen ass schéin”, exploréiert dem Cecile Brands a sengem Fanclub hir Welt am idylleschen Südtirol, wou si den Alldag vergiessen an sech ganz dem Rudy Giovannini an der Freed um Liewen widmen kennen. Avanti!

  • S02E03 Den Dram vum groussen Duerchbroch

    • November 6, 2016
    • RTL

    Den Arno ass nieweberufflech Wrestler. Reegelméisseg fiert hien 900 km fir an enger däitscher regionaler Wrestling Liga Showkämpf ze liwweren. Am Géigesaz zu sengen zwou Schwësteren déi hire Wee am Studium fonnt hunn, sicht hien seng Erfëllung a sengem Sport. Seng Elteren sollen des Kéier fir d'éischt matgoen. Mat enger Mëschung aus Selbstinszenéierung an enger grousser Sensibilitéit lieft hie säin Dram an hofft op de groussen Duerchbroch.

  • S02E04 Meng Heemecht

    • November 6, 2016
    • RTL

    Mat fënnefanzwanzeg Joer representéiert de Joe Thein d’jonk Hoffnung vun der Oppositiounspartei ADR. Als selwer ernannten Nationalkonservativen sëtzt hien och zanter fënnef Joer am Gemengerot zu Péiteng. Di europa- an islamkritesch Meenungen di de Joe vertrëtt ginn oft als rietsextrem verstanen - wat hien als medial Zensur ofdeet. Gläichzäiteg ass de Joe homosexuell an äussert de Wonsch enges Dages Kanner ze adoptéieren , wat an direktem Konflikt mat der Linn vu senger Partei steet. Wéi geet hien mat dësem Dilemma ëm? « Meng Heemecht » begleet de kontroverse Politiker a sengem Beruffs- a familiären Alldag a probéiert Äntwerten ob des Froen ze fannen.

  • S02E05 Wat ee sech net alles undeet

    • December 11, 2016
    • RTL

    D’Kelly bastelt Kostümer vu senge Lieblingshelden aus Computerspiller doheem am Keller zesummen. Dëst nennt ee Cosplay, an d’Kelly ass e Cosplayer aus Leidenschaft. Hatt wëll säin Dram liewen, a seng Passioun zum Beruff maachen. Säin éischte Kostüm vun der Barbarin aus dem Diablo 3 Computer Spill, mëscht et direkt bekannt an der Szene, an et gewënnt als éischte Lëtzebuergerin de Präis vum beschte Kostüm op der Gamescom Convention zu Köln. En neie Kostüm ass an der Maach, an d’Kelly stellt sech eng zweete Kéier der internationaler Jury zu Köln op der Gamescom. Seng Mamm gleeft un et, an ënnerstëtzt et sou gutt et geet. Mee kann et nach eng Kéier iwwerzeegen, a wéi geet dem Kelly säin Dram vun der grousser Carrière weider?

  • S02E06 De Marathon vum Glaawen

    • December 11, 2016
    • RTL

    Zanter 20 Joer pilgert d'Dulce eemol am Joer, zesumme mat portugisesche Bekannten, vun der Stad op Wolz, bei d'Muttergottes vu Fatima. 2 Deeg fir 60 km - dat ass net esou einfach. Ee Joer reent et riicht eran, dat anert Joer brennt d'Sonn, d'Blodere ploen een.... Firwat maachen se dat? Aus Gewunnecht? Fir hire Glawen auszedrécken? Well se der Muttergottes eppes versprach hunn? routwäissgro ass deene Froen nogaang, an dofir di 60 km matgaang.

  • S02E07 En oppent Ouer

    • January 15, 2017
    • RTL

    De Roger huet 68 Joer an ass zënter senger Gebuert blann. Säi Verhalt a säin Orientéierungssënn sinn aussergewéinlech gutt. An de leschten 32 Joer wor seng Aarbecht als Direkter vum Blannenheem säi ganzt Liewen. An e puer Méint geet de Roger awer an d'Pensioun, a verléisst domadder déi Plaz déi säin Alldag bis ewell strukturéiert huet, a sengem Liewen e Sënn ginn huet. Ma de Roger traut sech villes zou a bleift king. Dofir zéckt hien och net op den Dach vu sengem Haus ze klammen fir den Schaarschtech ze botzen...

  • S02E08 Ech wëll bleiwen wien ech sinn

    • January 15, 2017
    • RTL

    Den Akbar, en indeschen "Expat", lieft zanter méi wei 4 Joer zu Lëtzebuerg an huet eng gewësse Léift fir säin Adoptiounsland entwéckelt. Nieft senger Aarbecht bei Amazon, bitt hien sengen Aarbechtskollegen visite guidéeën vun der Stad un. Hien huet sech d’lëtzebuerger Devise ugëeegent: "Mir wëlle bleiwe wat mir sinn". Den Akbar ass homosexuell, a fir hien ass et wichteg ze bleiwen wat hien ass, a seng Identitéit offen kënnen ze liewen. An Indien, e Land wat em ëmmer nach staark um Häerz läit, wier dat net méiglech. D’Zäit vun engem Summer komme seng Elteren op Besuch, an hie weist hinnen säi Lëtzebuerg. Hie géing gären Lëtzebuerger ginn, a versicht seng Elteren an dës Entscheedung z’implizéiren.

  • S02E09 Di richteg Carrière?

    • March 19, 2017
    • RTL

    De Stéphane huet sech vu sengem Beruff als Affekot eng Auszäit geholl. Nodeem hie sech fir säi Beruff opgeopfert huet, kuckt hien lo mol no sech, mecht Sport an trefft Kollegen. Alles huet sech fir hien a Fro gestallt, souguer seng Carrière. Mee den Drang no sozialem a finanziellem Erfolleg ass omnipräsent a sengem Liewen, a spigelt sech duerch seng Fräizäitaktivitéiten bis an den Ëmgang mat senger Duechter erëm. Hie wëll des Kéier de richtege Choix treffen: säi geléierte Beruff un den Nol hänken oder nees zeréck an eng Étude. Wat ass fir hien di richteg Carrière?

  • S02E10 Doheem

    • March 19, 2017
    • RTL

    Den George ass 60 a Kanadier. Zanter méi wei 30 Joer ass hien zu Lëtzebuerg. Hie lieft op der Strooss. Seng Leidenschaft fir Fotografie, a säi staarke Glawen, hëllefen him duerch déi net ëmmer einfach Zäiten. No laangem Waarden kritt den George endlech d’Chance op eng eege Wunneng, eng Ëmstellung un déi hie sech mol gewinne muss…

  • S02E11 Eng Saach vun Zäit

    • April 23, 2017
    • RTL

    D’Catriona ass viru 15 Méint aus England op Lëtzebuerg geplënnert fir seng berufflech Carrière unzefänken: Traductrice beim Europäesche Parlament um Kierchbierg. Säin Talent fir Sproochen, seng Léift fir Musek a seng aussergewéinlech Hobbyen hunn him gehollef, sech séier anzeliewen a seng Frënn ze iwwerraschen. Et huet ëmmerhin net jiddweree Schleeken als Hausdéieren! D’Catriona fillt sech hei am Land richteg doheem. Mee de Brexit steet virun der Dier...

  • S02E12 Maka

    • April 23, 2017
    • RTL

    Den Helder Ferreira, genannt “Maka”, rappt zanter dass hien 12 Joer al ass, op lëtzebuergesch. Rap ass fir hien méi wéi just Musek. Et ass eng Form vun Expressioun déi et him erméiglecht dat wat hien erlieft huet, a wat aneschters schwéier ze erziele wier, trotzdem auszedrécken. Rap huet him d’Liewe gerett, méi wei eng Kéier. “Maka” begleet den Helder a sengem Alldag a gëtt eis en Abléck an d’facettëräich Welt vum Hip Hop zu Lëtzebuerg, awer och an d’Schicksal vun engem Aussesäiter a Rebell dee säi Wee mécht, egalwéi.

  • S02E13 De Benni um Bass

    • May 21, 2017
    • RTL

    Mat senge 40 Joer ass de Benni den Eelsten an der Band “Seed to Tree”. Obwuel si national scho relativ bekannt sinn, wëllen d’Jonge méi: méi Concerten, méi bekannt ginn, méi vun der Musek liewe kënnen. Si prouwen haart, ginn op Tour an huelen en neien Album op. De Benni vergësst awer ni wou en hierkënnt: hien hëlleft senger Bomi reegelméisseg am Gaart, verdéngt säi Liewensënnerhalt mat Guitarscoursen an organiséiert och weiderhin Underground-Concerten. Ëmmer mam groussen Ziel virun Aen : op der Bühn stoen a voll a sengem Element sinn.

  • S02E14 De roude Fuedem

    • May 21, 2017
    • RTL

    D’Fatima ass 2011 zu Lëtzebuerg ukomm. Hatt fënnt séier eng Plaz beim Essentiel, d’Gratis-Zeitung zu Lëtzebuerg. Och wann seng Aarbecht als Journalist hatt begeeschtert, huet him eppes gefeelt fir sech zu Lëtzebuerg ganz doheem ze fillen: e soziaalt Engagement. Déi jonk Fra mat marokkanesche Wuerzelen decidéiert, sech fir de Planning Familial anzesetzen, eng Associatioun déi him während senger Jugend a Korsika vill gehollef huet. D’Fatima steet zu senger Weiblechkeet, ouni Komplexer an an der Mini-Jupe. Hatt wënscht sech manner Tabue ronderëm de Kierper vun der Fra a setzt sech duerfir géint d’Tamponssteier an. Fir seng Campagne wëll hatt kleng an humorvoll Clippen zum Thema dréinen, an deenen hatt sech a senger magescher Welt inszenéiert.

  • S02E15 Vanda

    • June 25, 2017
    • RTL

    D'Vanda Denter Freitas ass Coiffeuse um Knuedler, am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg. Een ustrengende Beruff, deen déi extravagant Fra mat groussem Engagement op extrem héijen Talléckeschung bewältegt. Am Gespréich mat hire Clienten, schielt sech lues a lues de Portrait vun enger erstaunlecher Fra eraus.

  • S02E16 Orquidea

    • June 25, 2017
    • RTL

    D’Orquidea ass 1971 op Lëtzebuerg komm. A Portugal war si Epicière, Néiesch a stoung Model an engem Atelier fir Haute Couture. Zu Lëtzebuerg war si Botzfra a Kächin, an huet missen fir hir Famill opkommen. Aus Gesondheetsgrënn ka si lo net méi autonom an hirem Appartement wunnen, a muss acceptéieren an en Altersheem ze goen. D’Ängschten, d’Regreten, an d’Souveniren déi si op dëser leschter Etapp begleeden, maachen hir d’Upassen un hiert neit Ëmfeld net einfach.

  • S02E17 Classe d'acceuil

    • October 15, 2017
    • RTL

    De Max Fischbach ass Proff an enger "classe d'accueil". Kanner vun allen Nationalitéiten déi viru kuerzem am Land ukomm sinn, ginn hei ënnert anerem d'Sproochen geleiert, fir se duerno kënnen an den normalen Schoulsystem z'integréieren. Eng schwiereg Situatioun, wann ee weess dass d'Kanner doheem arabesch, farsi, portugisesch oder chinesesch schwätzen, a mat all hirem Bagage hei ukommen. Am Ëmgang mat de Kanner an hiren Elteren, sëtzt de Max quasi un der Schnëttstell vun de Kulturen, an erlieft Integratioun net als eidelt Wuert, mee als dagdeeglechen Challenge.

  • S02E18 Wat iwwreg bleift

    • November 5, 2017
    • RTL

    Lues a lues ginn d'Aarbechten virun um grousse Chantier Royal-Hamilius. Den Achille Villa, Chefchantier, behält d'Situatioun am Aen. Just niewendrun, um boulevard Royal, steet en eegenaartegt Gebai, wat vun der Demolitioun verschount blouf. Hei wunnt, zanter senger Konstruktioun an de 60'er Joren, den Arnaldo Ferragni. D'Integratioun vum Gebai an den zukünftegen centre Royal- Hamilius veronséchert hien. Hien hänkt u sengem Appartement, a fäert seng Erënnerungen géife verschwannen. Duerch seng Begéinung mam Achille Villa, léiert hien d'Welt vun der Konstruktioun kennen. Schonns dem Achille säi Papp war Chef-chantier, an hie wënscht sech dass säi Fils, dee Maschinist ass, dee selwechte Wee aschléit. Eng improbabel Begéinung tëscht dem fréieren EUFonctionnaire Arnaldo Ferragni, eng lieweg Mémoire vum Quartier, an der Famill Villa, Bauaarbechter iwwer Generatiounen. Eng Begéinung tëscht Traditioun a Modernitéit, tëscht Vergaangenheet an Zukunft.

  • S02E19 //@hack.lu

    • December 10, 2017
    • RTL

    Op den éischte Bléck mengt een, et hätt een et mat enger chaotescher Clique vu jonke Leit ze dinn, deenen hier eenzeg Suerge Videospiller an déifgefruere Pizzae sinn. Mee den Dennis a seng Kollege vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg gesinn sech als modern Ritter vun de Biten a Byten. Si hëllefen am Repair-Café wann de Printer klemmt, beroden d'Leit wa se Google a Microsoft äddi soe wëllen, a kämpfe fir eng besser Welt, an däer net alles wat mer op Internet maachen dozou féiert, dass een eis seet wat mer kafen a wie mer wiele sollen. Bei all dem bleiwen den Dennis, de Jan an all hier Frënn ëmmer mat zwee Féiss um Buedem.

  • S02E20 Et wor eemol

    • February 18, 2018
    • RTL

    Et wor eemol e jonkt Meedchen, dat wei eng Prinzessin, fest am Suedel duerch d’Liewe geridden ass. D’Celia ass Championne am Reitsport, an eng vun de beschte Kavaléierinnen aus senger Generatioun. Mat der Ënnerstëtzung vu sengen Elteren, dreemt et dovunner, enges Daages vlait nach mei wichteg Titelen ze erueweren. Ma och wa seng Dreem onendlech sinn, steet d’Zukunft virun der Dier.

  • S02E21 #allez_lifty

    • March 11, 2018
    • RTL

    Dem Jennifer Ries säin Dagesoflaf ass streng organiséiert: Cardio, Gewiichter drécken, Fitness, op d'Iessen oppassen... alles dat nieft sengem eigentlechen Job am Sportsministère. A senger Fräizäit verwandelt d’Jenni sech nämlech an d' “Lifting Fairy”, a bereet sech op de Miss Bikini Wellness Championnat vir. Ee volle Programm, dee seng Fans an de soziale Medien kënne verfollegen. Hei schwätzt hatt net nëmmen vu sengen Erfolleger, mee och vu sengem Kampf géint Iwwergewiicht, a wéi de Bodybuilding him hëlleft sech wuel a sengem Kierper ze spieren.

  • S02E22 De Bela an d'Tuesday Night League

    • April 15, 2018
    • RTL

    Am Bela sengem Liewen dréit sech alles em de Bowling. Hei gesäit hie seng Kollegen, déi Leit déi hie gär huet, seng eigentlech Famill. Am Championnat vun der Tuesday Night League komme ganz ënnerscheedlech Leit ronderëm hier gemeinsam Leidenschaft zesummen. Mee eigentlech wier et besser, de Bela géif aus gesondheetleche Grënn guer kee Bowling méi spillen. Säi Kiné hat hien och gefrot fir onbedéngt e puer Méint ze pausen. Lo waart hien ongedëlleg drop, fir endlech erëm kënnen unzefänken.

  • S02E23 Et weess een ni

    • May 13, 2018
    • RTL

    De Benoît Grolet ass Spezialist a Sécherheets-froen. Hie gëtt Self-defence Couren a forméiert zukünfteg Bodyguards. Hien ass e Modell vu Selbstdisziplin: seng Fassung oder seng “ënner Kraaft” ze verléieren, kënnt net a Fro. Mee wat ee méi versicht säi Schicksal ze bestëmmen, wat dëst engem d’Liewen schéngt méi schwéier ze gestalten. Eng ongeheier Tragédie huet dem Benoît säi Liewe getraff, a stellt säi Glawen an de Sënn vu sengem Liewen a Fro.

  • S02E24 Solidaritéit ass e grousst Wuert

    • November 18, 2018
    • RTL

    De Laurent Zeimet ass zanter 2011 Buergermeeschter vu Beetebuerg, eng vun de Gemengen déi sech bereet erkläert hunn e Flüchtlingsheem ze bauen. Iert déi 60 nei Bewunner awer ukommen, muss de Laurent dëse Bau begleeden a mat senge Bierger beschwätzen. An Aarbechtsgespréicher mat senge Schëffen, méi privat mat de Bierger um Quetschefest, oder ganz formell op ëffentlechen Informatiounsversammlungen kritt de Laurent e Gefill fir d’Stëmmung a senger Gemeng. Wat sinn d’Erwaardungen, d’Ängschten an d’Meenungen vun de Leit iert d’Flüchtlingen zu Beetebuerg ukommen?

Season 3

  • S03E01 New York, New York

    • June 24, 2018
    • RTL

    Virun 18 Joer ass d’Magali vu Bouneweg op Paräis ausgewandert fir säin Dram ze liewen. Zenter hier stoung déi professionell Dänzerin op de verschiddenste Bühnen vun Europa an huet seng eegen Danz- a Gesangstrupp gegrënnt. Mat 37 Joer, trotz enger Verletzung déi net heelt, wëll d’Magali et awer nach emol wëssen, sech weider entwéckelen, an et och als Sängerin packen. Vu Paräis iwwer Mamer bis op New York, stellt d’Magali säi Privat-liewen an den Hannergrond, an investéiert all Minutt a seng ganz Energie fir sengem Zil méi no ze kommen.

  • S03E02 Histoire d'O

    • September 16, 2018
    • RTL

    Wann d'Oana mat sengem Job bei enger Investissementsfirma um Kierchbierg fäerdeg ass, fänkt een aneren Deel vu sengem Liewen un. Den dréchenen Alldag mécht Plaz fir di kléng Bühn. Zesumme mat enger konterbonter Band vun Expatriéierten, huet si eng  "Stand-up comedy" Grupp op d’Bee gestallt, di reegelméisseg a Café’en uechtert d'Stad optrieden. Hei gëtt gelaacht an nogeduecht: iwwer Männer a Bezéiungen am Allgemengen, an iwwert d'Liewen als Expat zu Lëtzebuerg. Et entseet net nëmmen e satirescht Spigelbild vun eiser Gesellschaft, mee dës Erzielungen hëllefen der jonker Rumänin och, sech eng nei Identitéit an enger neier Heemecht opzebauen.

  • S03E03 E Gefill fir Roboter

    • October 7, 2018
    • RTL

    Aus der Liebesgeschicht tëscht dem Aida an dem Pouyan entsteet de Roboter QT ("cutee"). D’Aida huet 2013 den Iran verlooss, fir senger Jugendléift nozereesen, dem Pouyan, deen zu Lëtzebuerg studéiert huet. Hei däerf hatt awer säi Beruff, Medezin, net ausüben. D’Koppel entscheet, zesummen e Projet op d’Been ze stellen an domat béid hir Leidenschaften ze verbannen: Robotik a Medezin. Kuerz drop kënnt de QT op d’Welt, e Roboter dee Kanner mat Autismus therapeutesch begleet. Onermiddlech schaffen dem QT seng Eltere un hirer Start-up, déi séier emblematesch gëtt, fir eng nei Zort vu lëtzebuerger Economie. D’Aida ass determinéiert seng Roboter ronderëm d’Welt ze schécken, mee gläichzäiteg fält et him net ëmmer einfach, se goen ze loossen.

  • S03E04 Alles ass Energie

    • October 28, 2018
    • RTL

    De Laurent ass Informatiker. A senger Fräizäit besicht hien Kierfechter fir mat moderne Methoden Kontakt mat den Doudegen opzehuelen. Hie baut Maschinnen déi fräi Energië generéiere soll, a léiert Remote Viewing. Alles fir mat Energie d'Welt ze verbesseren.

  • S03E05 Off Air - En eemolegen Abléck an d’Kulisse vun der News-Redaktioun vun RTL

    • December 9, 2018
    • RTL

    “Off Air” gëtt en eemolegen Abléck an d’Kulisse vun der News-Redaktioun vun RTL, an den Deeg virun - an um nationale Wahldag vum 14ten Oktober 2018. Wat leeft wann d'Kamera net leeft an d’Mikroen aus sinn? Wéi bereede sech d’Journalisten op esou eng grouss Live-Sendung vir? Vum Newsroom iwwer d'Regie bis an d'Schmink gëtt d’Spannung um Wahlowend ëmmer méi grouss, well eng Saach ass kloer: et gëtt knapp !

  • S03E06 Jacques

    • January 13, 2019
    • RTL

    De Jacques ass Réalisateur, an investéiert seng gesamten Energie, Zäit a Léift an d’Filmemaachen. Gedriwwen vu Perfektionismus, Determinatioun an enger gudder Portioun Humor, bréngt hien säin Univers Schrëtt fir Schrëtt, Film fir Film, an d’Welt. Wéivill Fiktioun stécht am Jacques a wéivill Jacques stécht a senge Filmer?

  • S03E07 Brain is cool

    • February 3, 2019
    • RTL

    D’Lisa ass jonk Fuerscherin op der Uni zu Belval. Am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB) entwéckelt hatt, zesumme mat senge Kollegen, e Modell fir Parkinson besser ze erfuerschen, unhand vu winzegen Zellkulturen, sougenannten Mini-Gehirer. Mir tauche mat him an, an dës wëssenschaftlech Welt, wou di professionell Carrière enk verbonnen ass mat de Publikatiounen vun den Resultater vun der Recherche. “Publish or perish” wei een ënner Fuerscher seet. Dat ass just eng vun den Erausfuerderungen mat deenen d’Lisa konfrontéiert ass.

  • S03E08 Carmen Hertz

    • February 24, 2019
    • RTL

    D'Carmen Hertz huet siwwenzéng Joer a wunnt zu Dikrech. D’Schülerin mat Down-Syndrom ass an hirem leschte Schouljoer am Nordstad-Lycée. Donieft trommelt hat bei de Juniore vun der Dikrecher Musek a schwëmmt fir d’Special Olympics. Och wann hat quasi ëmmer ee brauch dee sech em hat këmmert, an der Haaptsaach säi Papp, bewältegt hat mat Humor a Klatzkäppegkeet dësen enorme Pensum.

  • S03E09 D’Meedche mat den Déieren

    • March 17, 2019
    • RTL

    D'Claudine këmmert sech em d'Déieren am Parc Merveilleux, am Kader vun engem « atelier protégé ». Tëscht der Fleeg vun den Déieren, dem Austausch mat de Frëndinnen aus dem Park , an de gemeinsame Momenter mat de Schwësteren, ass dem Claudine säin Alldag gutt gefëllt. Hatt huet eng Leidenschaft fir Deieren entdeckt, seng Plaz an der Gesellschaft fonnt, an e Sënn fir säi Liewen. « D’Meedche mat den Déieren » deckt lues a lues déi verschidde Facetten vum Claudine op, eng jonk a beréierend Fra, e bësschen anescht, mee och guer net esou.

  • S03E10 Mère Courage

    • April 28, 2019
    • RTL

    Fir seng véier Meedercher géif d'Yvonne alles maachen. Hatt huet eng chronesch Krankheet, déi him wuertwiertlech den Otem hëlt, wann hatt senger Aarbecht als Botzfra nogeet. D'Adjany, säin zweet Meedchen, gëtt 18 Joer al. D'Yvonne mobiliséiert säi ganze kapverdianeschen Reseau a mécht alles fir senger Duechter een onvergiesslecht Gebuertsdagsfest ze offréieren. Generéis a couragéis, hält hatt dem Liewe Stand.

  • S03E11 Ad vitam aeternam

    • May 19, 2019
    • RTL

    De Mario ass Taxidermist, also Déierepräparator. Mat sengem Handwierk dat oft nach als “Opstoppen” bezeechent gëtt, erwächt hien déi verschiddensten Déieren nees zum Liewen a mécht aus hinnen eng Juegdtrophee, en Objet fir Schoulen oder eng Dekoratioun. Wéi kënnt een zu dëser seelener Beschäftegung? Wéi ass dem Mario säin Aarbechtsoflaf? Ass en Taxidermist deen düstere Personnage deen ee sech virstellt? Wat ass säin, mee och eist Verhältnis zu den Déieren? Vu sengem onheemlechen Atelier, iwwert seng entspaanten Taxidermie-Coursen am Lycée bis hin zu sengem Familljeliewen, sinn d’Éiwegkeet, den Doud an d’Grenz zum Makaberen Themen déi de Mario reegelméisseg beschäftegen. Seng aussergewéinlech Aktivitéit stellt säi Jugement an dee vum Beobachter op d’Prouf.

  • S03E12 Schwësteren

    • June 9, 2019
    • RTL

    D'Maria de Pentecostes ass eng jonk argentinesch Missionärin an d'Mère Supérieure vun den apostolesche Schwësteren vum Centre Spirituel du Cents. Si ass zanter enger Rei Joren zu Lëtzebuerg, wou si sech mat deenen anere Schwësteren ëm eng Congregatioun vu Gleewegen këmmert. Als Missionärin gesäit si hier Famill quasi ni, ëmsou méi frou ass si dass hier richteg Schwëster, d'Unidad, als kontemplativ Nonn mat hir am selwechten Klouschter lieft - och wa si just kënnen duerch e Gitter matenee kommunizéieren. "Schwësteren" ass eng Episod iwwert Famill, Léift a Sacrifice, déi en intime Bléck hannert d'Maueren vun engem Klouschter werft.

  • S03E13 D’Summervakanz

    • September 22, 2019
    • RTL

    D’Summervakanz ass laang an d’Mahée langweilt sech. Mee zum Gléck si jo do seng Schwësteren mat deenen hatt spille kann. Just déi si vill méi al wéi hatt, an hunn net onbedéngt déi selwecht Interessen wei e siwen Joer aalt Kand. Mee d’Mahée hält sech drun wei de Geck un de Bengel. ‘D’Summervakanz’ ass e witzegen an touchanten Portrait vun engem klenge Meedchen wat versicht seng Plaz a senger Famille ze fannen.

  • S03E14 Zesummespill

    • October 13, 2019
    • RTL

    D'Philharmonie ass eng grouss Maschinn an där lauter kleng Zännriedercher dréien fir se um Rullen ze halen. Mir ginn sengem Direkter dem Stephan Gehmacher bei der Aarbecht no, an entdecken d'Banneliewen vum Concerts-haus, an e puer vun de ville Mataarbechter déi mussen zesumme spillen fir déi iwwert 450 Concerten am Joer iwwert d'Bühn ze bréngen.

  • S03E15 Schrëtt fir Schrëtt

    • November 3, 2019
    • RTL

    De Miki schafft als Streetworker fir d'Stad Lëtzebuerg. Hien ass och den Initiateur vum Streetsport-Programm, dee gratis Kampfsport-Courën fir Jonker ubidd. Als ehemolege Boxer probéiert hien, iwwert d'Wäerter vum Sport senge Schüler eng Zort Educatioun fir d'Liewen ze ginn an hinnen moralesch Wäerter an eng Allgemengkultur ze vermëttelen. Duerch dem Miki seng Aarbecht a seng alldeeglech Begéignungen mat deenen, déi vun der Gesellschaft ausgeschloss sinn, entdecken mir en empatheschen a charismateschen Idealist, deen eng total positiv Energie ausstrahlt.

  • S03E16 Keng Prinzessinnen

    • November 24, 2019
    • RTL

    Si sinn keng Prinzessinen, mee e Grupp vu jonke Fraen di Roller Derby spillen an der Equipe vun de "Grandes-Duchessen". De Kontaktsport huet feministesch Originen, an hiere Coach de Miche, ass deen eenzege Mann an dësem weiblechen Univers. Hie versicht sou gutt wei e kann, si zu engem eischten Erfolleg ze féieren, ma hien huet et net einfach sech duerchzesetzen bei all deene staarke Fraen. Si zécken net seng Kompetenzen als Trainer, a seng Autoriéit a Fro ze stellen.

  • S03E17 De Paul bleift de Paul

    • December 15, 2019
    • RTL

    D’halleft Land kennt de Paul. Hie war gutt 10 Joer laang Paschtouer, huet dunn awer säin Dramberuff opginn, virun allem wéinst dem Zölibat. Haut versicht hie bei der Caritas, jonk Leit dozou ze beweegen sech fir aner Mënschen anzesetzen. Viru kuerzem huet de Paul decidéiert an d’Politik ze goen. Net fir Karriär ze maachen, seet hien, mee fir eng besser Welt ze kämpfen. De Paul stoung schonn ëmmer gär am Mëttelpunkt a freet sech, ob hien et och weiderhi fäerdeg bréngt, déi aner „grouss“ ze maachen, an net sech selwer ze vill wichteg ze huelen – wou dach all eenzel Wielerstëmm dem Ego e bëssche méi schmeechelt…

  • S03E18 Endlech nees liewen

    • January 12, 2020
    • RTL

    D'Paula wunnt mat senger klenger Famill an engem Appartement zu Diddeleng. Ëmmer frëndlech ass hatt awer dauernd em seng Kanner besuergt. Den Jason dee mat senge 16 Joer schwéier blesséiert duerch d'Liewe geet, an d'Larah dat mat 5 Joer scho weess dass et Mannequin wëll ginn. Mat Hëllef vum Judith, enger Therapeutin, versicht den Jason seng Traumata ze bewältegen. Mee d'Paula dréit och eng schwéier Laascht mat sech a versicht se z'iwwerwannen.

  • S03E19 Verluer an der Zäit

    • February 2, 2020
    • RTL

    De Laurent ass en Adept vu "Reenactement", der Nostellung vun historeschen Evenementer. Méi wei en Hobby, ass et fir de Laurent eng Sich no senger Plaz a senger Familljegeschicht, an an der Geschicht vu Lëtzebuerg. D'Epochen vermësche sech, an d'Familljegeschichten geroden duerchenaner, de Laurent baut sech säin eegene Stammbam op. Hie verbréngt seng Géigewaart domadder, an der Vergaangenheet ronderëm ze lafen, a versicht d'Lächer a senger eegener Virgeschicht ze fëllen. Wäert et em geléngen erauszefannen wou hien hierkënnt?

  • S03E20 Allez Gatti

    • March 1, 2020
    • RTL

    De Gatti ass e Vëlosgeck, all fräi Minutt geet bei him fir de Vëlossport drop. Hie leet den Déifferdenger Vëlosveräin, a suergt dofir dass et sénge Coureuren vum Pro Conti Team un näischt feelt. Hien ass e Pilier vum lëtzebuerger Cyclissem, seng Famill kënnt dobäi dacks op di zweet Plaz. No 50 Joer am Vëlossport muss de Gatti aus gesondheetleche Grënn seng Passioun opginn, an un déi nächst Generatioun weiderginn. Mee datt mam Ophalen ass mei einfach gesot wei gemaach….

  • S03E21 De gliesene Mann

    • March 22, 2020
    • RTL

    Iwerwaache kann een haut per Mausklick. De Max Schrems ass en éisträicheschen Jurist, dee sech zënter 2014 fir Dateschutz asetzt. Seng Musterklo geinnt Facebook um europäeschen Geriichtshaff zu Lëtzebuerg, ass net di eischten an dei Richtung. Zënterhier reest hien reegelméisseg tëscht Bréissel, Dublin an dem Kierchbierg hin an hier, fir sech mat sengen Affekoten géint Masseniwwerwaachung a fir de Schutz vum Privat- an Familljeliewen am digitalen Zäitalter anzesetzen. E Grondrecht aus der Charta vun der Europäescher Unioun wou et ëm de Respekt vun der Persoun a seng mënschlech Dignitéit geet, déi net duerfe verhandelt ginn. Well Dateschutz iwwert seng Persoun eraus all Mënsch betrëfft, grënnt hien eng ONG déi hien NOYB – ‘None of your business’ deeft.

  • S03E22 LeoLisa

    • RTL

    Säit der Kandheet ass dem Leo seng gréisste Leidenschaft d’Filmemaachen. Iwwert Ëmweeër ass hie schliisslech bei der lokaler Telé vu Mamer a Steesel gelant, déi hien als Ee-Mann Betrib aus senger Garage eraus leed. Gehollef kritt hien dobäi vu sengem loyale Kameramann Roberto an - wann Zäit ass - vu senger Duechter Lisa. D’Lisa ass am Lycée an enger Sektioun fir ugoend Filmemaacher a plangt dat Joer drop an d’Ausland an déi Richtung weider studéieren ze goen. Wat dem Papp sengersäits net méiglech war ëmzesetzen, steiert hatt elo selbstsécher un: eng Carrière an der Filmwelt - mat vollem Réckhalt vu Famill, Schoul a Staat.

  • S03E23 Den amerikaneschen Dram

    • RTL

    Den Horst mécht alles wat e kann, fir dat Bescht aus sengem Liewen ze maachen: hie raumt doheem, probéiert den RMG ze kréien an hëlleft senger Frëndin, sou gutt et geet. Trotzdeem bleift et schwéier. Duerfir dreemt den Horst vun Amerika, wou hien e Stéck Land geierft huet am North Dakota, iwwert säi Papp. E Land mat Ueleg-virkommes. Mee fir déi Ierfschaft unzetrieden, muss hie sech duerch d’Paperassen kämpfen. A géint d’Gesetzer vum wëlle Kapitalismus huet den Horst keng Chance.

  • S03E24 Randschëlt goes Reeperbahn

    • RTL

    No ville Joren op der Rull huet d’Romaine decidéiert, am klengsten Duerf aus dem Land Anker ze leeën. Mat senger charakteristescher Energie huet et zu Rantschëlt e klenge Bistro opgemaach, an e fréiere Schwäistall an eng multikulturell Oase verwandelt. Sexy. Frivol. Exzentresch. Esou soll et hei ausgesinn. Hei „um Honn hannen“, an engem Duerf wou just nach dräi al Jonggeselle gewunnt hunn, hunn elo dräi Fraen d’Soen. Dräi Fraen déi keng Angscht virum Changement hunn. Elo wëll d’Romaine e grousse Cabarets-Owend organiséieren, fir mat hirer Häerzensfamill hir Léift fir d’Liewen ze feieren.